INNENARCHITEKTUR ONLINE COURS
Dir wëllt en Haus bauen oder en Deel vun Ärem existéierenden Haus renovéieren, awer Dir wësst net wou Dir ufänke sollt?
Wéi geet een esou e Projet un? Wat sinn déi éischt Schrëtt?
Wann Dir Iech dës Fro stellt, sidd Dir net eleng. Bauen a renovéieren ass zimlech komplex ginn, besonnesch an de leschte Joren. Et gi vill Saachen ze berécksiichtegen an ze entscheeden.
Wéi eng Materialie sinn am Beschten, zum Beispill fir de Buedem?
Wéi eng Beliichtung?
Ass d’Opdeelung vum Raum ideal fir mech?
Wéi gestalten ech mäi Buedzëmmer a meng Kichen?
Wéi ass et mat engem Kamäin, wat sinn d’Optiounen?
A sou weider.
Dir kënnt Iech 1.000 Froe stellen. Et kann ee sech séier am Denkprozess verléieren an et kann ee souguer de Courage oder d’Energie verléiere fir iwwerhaapt unzefänken. Da verschiibt een de Projet nees. Wann dann d’Zäit kënnt fir Entscheedungen ze treffen, hëlt ee se schlëmmstefals ënner Stress an net gutt virbereet. Dat ass schued. Well et ginn esou vill flott Méiglechkeeten, fir en Heem wonnerbar ze miwweléieren an eng Oas vu perséinlechem Wuelbefannen ze schafen.
Mir wësse wéi een dat mécht, et ass eis Aarbecht zënter Joren. Mir hëllefen de Leit gär, e schéint Haus ze hunn, dat se appreciéieren a gär hunn. En éischte Schrëtt kéint also sinn, dëse Cours ze maachen an en Iwwerbléck ze kréien iwwert d’Themen déi Iech erwaarden, wann Dir en Haus baut oder renovéiert. Dir investéiert domat sécher a méi Kloerheet a Wëssen. Well ech hu fir Iech meng méi wéi 20 Joer Erfarung an dësem Domaine zesummegefaasst. A kuerze Videoen erklären ech, wourop Dir oppasse sollt, wann Dir en Haus baut oder renovéiert.
Déi éischt Saach, déi Dir Iech selwer froe kënnt, ass wat Iech glécklech mécht. Fir méi iwwert dëse Sujet gewuer ze gi, kuckt mäin éischte Video. Ech hoffen, en gefält Iech a loosst mech gäre wëssen, wéi Dir e fannt.
Vun Häerzen,
Sandra Kapp
Klickt op ‹ play › fir de Video ze kucken (op Lëtzebuergesch)
Dëse Cours ass entwéckelt gi fir Leit ze hëllefen, déi kuerz virdrun oder amgaange sinn en Haus ze renovéieren oder ze bauen. E guidéiert duerch 15 verschidden Etappen.
All Kapitel proposéiert Iech en anert Thema, mat deem Dir am Prozess vum Bau oder der Renovatioun vun engem Haus konfrontéiert gitt.
Ech deelen e puer nëtzlech „Tools“, déi sech fir mech bewäert hunn, einfach ze notze sinn, an och Spaass maachen. Nodeems Dir dëse Cours gemaach hutt, wäert Dir besser virbereet sinn, fir all Entscheedungen ze treffen, déi Dir en Cours de route maache musst. Dir kritt eng ganz kloer Vue vun Ärem Dramhaus an Dir wësst duerno, wéi eng Schrëtt a wei enger Reiefolleg néideg sin, fir Äre Projet vun engem Wuelfill-Doheem ze realiséieren.